Offene Stellen

Hier finden Sie unsere aktuellen und zukünftigen Stellenangebote.

Hesper

respect.lu sicht fir säin online Déngscht RE:SET
1 Online Streetworker /
Medienpädagog (M/W/D) CDI 20-30 Std./Woch

Deng Aufgaben

Als Online Streetworker/Medienpädagog schaffs Du haaptsächlech an den digitale Räim. Deng Haaptaufgaben enthalen ënner anerem:

  • Observatioun an Analyse vun Dynamiken am digitale Raum, am Kontext vu Radikaliséierung
  • Aktiv a sensibel Interaktioun an Online-Communautéiten
  • Opbau vu Kontakt an individuell Begleedung vu Persounen, déi vulnerabel géintiwwer Radikaliséierungsprozesser sinn
  • Präsent op verschiddene soziale Medien an op Online-Gaming-Plattformen sinn
  • Entwecklung a Publikatioun vu pedagogeschen Inhalter fir sozial Netzwierker an Online-Communautéiten (z. B. Videoen, Posts, Kommentaren, Livestreams).
  • Medienkompetenz, kritescht Denken an demokratesch Wäerter duerch eng dialogorientéiert a respektvoll Kommunikatioun fërderen.

 

Däi Profil 

  • Du hues en zu Lëtzebuerg unerkannten Ofschloss (Minimum Bachelor) am sozio-edukativen, psychosozialen oder vergläichbare Beräich
  • Du beherrschs follgend Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch
  • Du kenns déi aktuell Plattformen an Entwécklungen, beherrschs d’Sprooch an d’Codë vun den Online-Welten a fills dech an deene verschiddenen online Kulturen doheem
  • Kenntnisser zu Theme wéi Extremismus, Radikaliséierung, Desinformatioun oder gruppenbezunnener Mënschefeindlechkeet si vu Virdeel
  • Du kanns Vertrauen opbauen, komplex Situatiounen analyséieren an autonom schaffen
  • Deng pedagogesch Haltung ass wertschätzend, reflektéiert an däitlech géint mënschefeindlech Positiounen ausgeriicht
  • Du hues Freed un der Erstellung vu Contenu an un dialogescher Aarbecht an Online-Raim
  • Du bass flexibel, hues kritescht Denkvermögen a Bereetschaft, dech un en, sech am konstanten Wandel befannende, digitale Raum, unzepassen

 

Mir bidden

  • Eng sënnvoll a gesellschaftlech relevant Aarbecht an engem dynameschen a multidisziplinäre Team
  • D’Méiglechkeet, aktiv um Opbau an der Weiderentwécklung vun RE:SET matzewierken
  • E spannend Aarbechtsëmfeld mat Plaz fir eegen Initiativen an innovativ Approchen
  • Ënnerstëtzung duerch en engagéiert Team an en Aarbechtskader, deen op Qualitéit a Professionalitéit setzt
  • Eng Remuneratioun nom Kollektivvertrag fir de Fleeg- a Sozialesecteur (CCT-SAS), Maximum C7

Fann méi iwwer eisen online Déngscht op www.reset.lu eraus

Deng Kandidatur (CV, Motivatiounsschreiwes an Diplomer) sinn iwwert Mail bis den 28.02.2026 un admin@respect.lu anzereechen. Eng Virauswiel gëtt op Basis vun den agereechten Ënnerlage getraff.