Veranstaltungen

Im Folgenden befinden sich unsere laufenden und zukünftigen Veranstaltungen :

18 Dezember 202509:00 - 12:00Kinepolis, Kierchbierg

Movie & Talk: D'Land am Schiet

Zesummen mat dem Centre Cinqfontaines invitéieren mir d’Schoulklassen (vun 5ième un) op e pedagogeschen Screening vum lëtzebuergesche Film D’Land am Schiet vum Regisseur Lukas Grevis.

De Film erzielt d’Geschicht vun engem klenge lëtzebuergesche Duerf, dat sech spléckt, wéi d’Besëtzerin vum Duerfcafé e Kulturzentrum fir Refugiéen opriichte wëll. Wéi d’Maskottche vum Duerf dout opfonnt gëtt, klammen d’Spannungen, an d’Themen Radikaliséierung, Polariséierung a Gruppendynamik trieden an de Virdergrond.

No der Vorféierung gëtt et eng Diskussioun mat Expert:innen vu Respect.lu an dem Centre Cinqfontaines.

De Film ass op Lëtzebuergesch mat engleschen Ënnertitelen.

D’Umeldung leeft bis den 28.11.2025 iwwer: https://www.snj.public.lu/movie-talk-dland-am-schiet/

Mir hu pro Screening nëmme begrenzt Plazen.

Bei Froen kënnt Dir Iech u cinqfontaines@snj.lu wenden.

17 Dezember 202509:00 - 12:00Ciné Le Paris, Beetebuerg

16 Dezember 202512:00 - 15:00Ciné Scala, Dikrich

15 Dezember 202512:00 - 15:00Ciné Orion, Ëlwen

20 November 202518:30 - 20:00ErwuesseBildung Asbl 5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg

Tabu Thema: Toxesch Genderrepresentatiounen Online

respect.lu ass freet sech, op der Table Ronde vun der ErwuesseBildung vertruede ze sinn.

Mat um Podium sëtzen:

  • InfoMann

  • Zentrum fir exzessivt Verhalen a Verhalenssucht (ZEV)

  • CID Fraen an Gender

  • respect.lu

Stereotypesch Representatioune vu Mann a Fra ginn et scho laang. Mee wärend hartnäckeg dru geschafft gëtt, mat Klischeeën opzeraumen a Gläichberechtegung liefbar ze maachen, fënnt online e ganz anere Kampf statt.

Net réischt mat der Netflix Serie „Adolescence“ ass kloer ginn, dass d’Prägung vun de Biller, déi eis an der Onlinewelt begéinen, ee massiven Afloss op eis all huet. Op dramatesch Weis huet d’Serie d’Gefore vun deenen Dynamiken illustréiert. Mee och an der Realitéit fanne User Uschloss bei Internet-Communities, déi mënschefeindlech an toxesch Ideologie verbreeden. An der digitaler Sphär ass et einfach, d’Grenze vun der Fiktioun an der Realitéit, oder vun Illusioun, Sehnsucht a Wierklechkeet ze verwëschen.

Dës Table Ronde beschäftegt sech mam verbreete Problem, deen Narrativer, déi online propagéiert ginn, mat sech bréngen. Besonnesch interesséieren eis Geschlechterideologien, déi meeschtens dorop ofzilen, eng Spaltung an der Gesellschaft an eng Hierarchie tëscht de Geschlechter erbäi ze féieren. Vläicht brénge si eis, wa mer net kritesch genuch mat der digitaler Welt ëmginn, an eng fräiwëlleg Ënnerwerfung – oft mat radikale Follge fir de Betraffene selwer, säin Ëmfeld an déi ganz Gesellschaft.

Wéi kann et esou wäit kommen? Wéisou ass d’Onlinewelt exponenziell mat deem Problem konfrontéiert? Et geet ëm Analys, kritescht Denken, praktesch Hëllef a Präventioun.

Organiséiert vun der ErwuesseBildung

Sprooch: LU

Inscriptioun an Informatioun: info@ewb.lu

Sources d’images :

ErwuesseBildung asbl

https://de.wikipedia.org/wiki/Tradwife

https://www.gq-magazine.co.uk/culture/article/andrew-tate-tiktok-fame-men-2022