
Mir sichen 1 Psycholog (m/w/d) am Beräich Radikaliséierung
18 Stonnen
CDI C7
CCT-SAS
Hues Du:
- Eng zolit Experienz an der Berodung. Eng Zousazformatioun an der Berodung oder souguer eng Therapieausbildung sin vu Virdeel
- Liichtegkeet am Kontakt an am Ëmgang mat Mënschen a Gruppe
- Loscht mat anere Professionellen am Reseau ze schaffe
Du hues e Master oder equivalent.
Du kanns Dir virstellen am Kontext vu Radikaliséierung ze schaffe, a bass Dir bewosst, dass gewalt en Thema ass.
Du bass un der gesellschaftspolitescher Aktualitéit interesséiert an hues eng Sensibilitéit fir Theme wéi Diskriminatioun an interkulturellt Zesummeliewen.
Du kanns souwuel selbstänneg schaffe, wéi och an der Equippe.
Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséich an Englesch.
Da mell Dech bei respect.lu
Scheck eis Däin CV an e Motivatiounsschreiwes ob admin@respect.lu bis zum 31.03.2025