
Save the Date
19.11.2025
Wéi beaflossen Gaming-Welten, Meme-Kultur a sozial Medien déi aktuell Radikaliséierungsprozesser?
Um Dialog Dag 2025 gi mir dësen Froen op de Grond. National an international Expert:innen aus der Praxis a Fuerschung beliichten d’Roll vun digitale Kulturen tëscht Popkultur, Identitéitsbildung an Extremismus. D’Fachtagung bitt Plaz fir Austausch, Diskussioun an nei Perspektiven op déi aktuell Erausfuerderunge vum digitale Raum.
Eisen Dialogdag kënnt dir Iech och am Livestream op eisem YouTube-Kanal ukucken.
Dir kennt iech den Datum elo schonn notéieren oder iecht direkt hei unmellen.
Wann Dir eng IFEN-Zertifizéierung wëllt, kënnt Dir Iech iwwer de Site vum IFEN vum 24. September 2025 u mellen:
https://ssl.education.lu/ifen/catalog/course/293236?s=dialog+dag
(Nëmmen Umeldungen, déi iwwert de IFEN-Site gemaach ginn, kënnen och vum IFEN validéiert ginn.)
19. November 2025
9:00 – 16:30
IFEN Belval
Site Terres-Rouges
5, Avenue de la Fonte
L-4364 Esch-sur-Alzette
