
Mir sichen 1 Mataarbechter:in (m/w/d) am Beräich Radikaliséierung
40 Stonne
CDD 12 Méint
C7 CCT-SAS
Responsabilitéiten
- Entwécklung an Ausschaffe vun innovativen Ressourcen am Beräich vun Hate Speech
- Gestioun vu Projete am Beräich vun der Radikaliséierung an Hate Speech
- Mat anere Professionellen am Reseau ze schaffen
- Konzipéiere vu Sensibiliséierungs-Campagnen zu Hate Speech
Däi Profil
- Een zu Lëtzebuerg unerkannte Master-Diplom
- Du bass un der gesellschaftspolitescher Aktualitéit interesséiert an hues eng Sensibilitéit fir Theme wéi Diskriminatioun an interkulturellt Zesummeliewen
- Du kanns souwuel selbstänneg schaffe, wéi och an der Equippe
- Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch
- Du kanns Dir virstellen am Kontext vu Radikaliséierung ze schaffe, a bass Dir bewosst, dass Gewalt en Thema ass.
Da mell dech bei respect.lu
Scheck eis Däin CV an e Motivatiounsschreiwes ob admin@respect.lu bis zum 14. Dezember 2025